Exposition « Schatzkëscht Buedem »

03 Feb

Détails

Début :03/02/2024
Fin :25/02/2024
L'entrée :gratuit
Organisateur : Musée d'Histoire[s] Diekirch et le Musée National d'Histoire Naturelle
Contact :

Musée d’Histoire[s] Diekirch
13, rue du Curé
L-9217 Diekirch

T.: +352 80 87 90 – 1
E.: info@mhsd.lu

Eng Wanderausstellung fir Kanner an Erwuessener aus dem Nationalmusée fir Naturgeschicht

Buedem ass do, op Schratt an Tratt. Jidderee kennt de Buedem – mee wéi gutt kennt dir e wierklech?

An dëser Ausstellung geet et an Déift. Mir léieren de Buedem als komplexe Liewensraum an als Liewensgrondlag kennen a schätzen. Ma wéi entsteet de Buedem? Wéi gëtt e genotzt? A firwat soll e geschützt ginn ?

D’Workshops zu dëser Ausstellung si fir de Cycle 3 a 4. All aner Cycle ass awer natierlech häerzlech wëllkomm fir d’Ausstellung op eege Fauscht entdecken ze kommen.

D’Maisons Relais kënnen hire Workshop vum 12.–16. Februar buchen.

Ëffnungszäiten
All Dag (ausser méindes) vun 10-18 Auer
D’Workshoppe kënnen op Rendez-vous gebucht ginn