Zum Optakt vun de Festivitéiten vun AL DIKKRICH 2023 invitéiert d’Associatioun „LA PALETTE“ op d’Summerausstellung vun hire Memberen an d’Kulturhaus, wou bis zu 100 Originalwierker ze bewonnere wäerte sinn!
De Vernissage ass fir Donneschdeg, den 13. Juli um 18.30 virgesinn.