Ausstellung „Natur(e)motion“

10 Jan

Details

Start :10/01/2025
Ende :26/01/2025
Der Eingang :Freier Eintritt
Organisator : Musée d'Histoire[s] Diekirch
Kontakt :

Musée d’Histoire[s] Diekirch
13, rue du Curé
L-9217 Diekirch

T.: +352 80 87 90 – 1
E.: info@mhsd.lu

D’Martine Dahm, alias MaDam, ass 1977 zu Lëtzebuerg gebuer an hat schonn ëmmer den Dram, Kënschtlerin ze ginn. Well seng Elteren a Proffen awer der Meenung waren et misst een „een uerdentleche Beruff léieren“, huet hat Architektur studéiert a schafft zënter 2001 an dësem Beruff. Hat ass bestuet, Mamm vun 2 Kanner a wunnt zënter 2004 zu Hoesdorf, Lëtzebuerg. A senger Freizeit mécht hat Musek a beschäftegt sech gär kreativ, geet gär spadséieren a Vëlo fueren. Ënnert sengem Kënschtlernumm MaDam huet hat sech 2021 mat senger éischter Ausstellung „Faarweg Impressioune vum Bam“ ee vu senge gréissten Dreem erfëllt. D’Inspiratioun fir dës Ausstellung ass him wärend Spadséiergäng mat senge Kanner duerch de Bësch komm: hat huet probéiert d‘Villfältegkeet vun de Beem op senge Biller festzehalen, an dat aus enger Mëschung vu Realitéit an Abstraktioun. A senge Biller fënnt een e gewëssen Afloss vum Impressionismus, dat well säit laangem seng beléiftste Kënschtlerbeweegung ass. No de Beem, déi awer nach ëmmer present sinn, huet hat sech nach mat anere Sujet’e beschäftegt: d’Beem ginn duerch Gebaier ersat a seng Biller weisen Andréck vu verschiddene Reesen, eng aner Leidenschaft déi dem Martine säi Liewe prägen. Déi neiste Biller beschäftegen sech mat de verschiddenen Naturphänomeen a Gefiller. D’MaDam stellt och Kettenunhänger aus Epoxy Resine hier: déi eng stellen dem MaDam seng Biller a Miniatur duer, an anere fënnt een eng Mëschung aus gedréchente Blummen, Naturmaterialien a Faarf.

From ECHO.luD’Monique Dahm, alias TiMón, ass 1980 zu Lëtzebuerg op d’Welt komm an huet sëch säit senger Kandheet mat Konscht am weiteste Sënn beschäftegt : hatt huet gemolt a gebastelt, gedanzt, Musik gemaach an der Keativitéit waren och am Spill keng Grenze gesat. No enger Première artistique huet hatt awer dunn dee Wee ageschloen, deen hat schon als Jugendlechen am Kapp hatt : Léierin an der Grondschull ze ginn. Mee d’Konscht huet hatt an all senge Facetten ëmmer begleet. Et war zwar eng laang Zäit méi d’Musik, déi am Virdergrond stoung, mee ee gesondheetleche Probleem an eng kleng Auszäit aus dem Alldag huet d’Monique rëm zréckbruecht zu senge Wuerzelen, zu dem, wat hatt als Kand gemaach huet : gemolt a gebastelt, an zwar mat allem, wat em an d’Hänn kum. D’Konscht war wéi eng Therapie. An du huet dat kreativt Schafen a Schaffe d’Monique och net mi lassgelooss, bis dann zesumme mat senger Schwëster d’Idee koum, eng Ausstellung ze maachen, fir de Lett dobaussen d’Geschichten, déi hier Biller erzeelen, matzedeelen. Iwwrigens hunn déi zwou Schwësteren och scho fréier als Kanner doheem „Ausstellung“ gespillt an zu zwee Molconcouren organisiert, bei deenen ganz vill erfonnte Kanner deelgeholl hunn.

Firwat TiMón? Als Monique Tintinago-Dahm ass him op der Sich no enger Ennerschrëft fir seng Biller opgefall, dat de Familjennumm vu sengem Mann a Kombinatioun mat den Ufanksbuchstawen vu sengem Virnumm een intressant Wuert ergëtt: “el timón”, ee Ruder. A su e lenkend Ruder war dem Monique seng Konscht fir hatt an hatt hoAt, dat hatt och aner Leit mat senge Biller op schéi Wee brénge kann andeems si hieren Interpretatiounen nohänken.