Exhibition “All about jeans”

09 Jun

Details

Start :09/06/2023
End :02/07/2023
The entrance :Free
Organizer : Musée d'Histoire[s] Diekirch and SNJ
Contact :

Musée d’Histoire[s] Diekirch
13, Rue du Curé
L-9217 Diekirch

T: 80 87 90 – 1
E: info@mhsd.lu

De Service national de la jeunesse huet verschidden Offere fir Jonker, déi sech an enger Transitioun tëschent der Schoul an der Aarbechtswelt befannen. Zilpublikum si Jonker ab 16 Joer, déi net méi schoulflichteg sinn an Ënnerstëtzung bei der Orientatioun wëllen an/oder hire Wee zeréck an d’Schoul oder an d’Aarbechtswelt sichen.

An 3 Atelieren am Land hunn di Jonk d’Méiglechkeet nei Saachen auszeprobéieren, nei Techniken ze léieren an esou aus ale Saachen nei Saachen hierzestellen. De Grondgedanke vun den Atelieren ass den Upcycling. Di Jonk ginn an all Atelier vu verschiddenen Experten ënnerstëtzt an och vun engem Éducateur begleet. D’ Participatioun um Atelier ass fräiwëlleg.

An der Ausstellung “All about jeans” wëlle mer weise, wat een alles aus ale Jeans hierstelle kann.

Bei eis gëtt och dee klengste Schnëppel nach verschafft! Loosst Iech iwwerraschen!